« De Fox an d’Fonsi, e Fuuss an eng Huesemadame, wunne glécklech zesumme mat hire Frënn: dem Eileen, dem Sven mam Melusina an deem wëlle Schwäin Kail am Bësch. Enges Daags ass d’Eileen verschwonnen a wéi se no him sichen, entdecken se e risege Séi, deen se virdrun nach ni gesinn hunn. De Fox an d’Fonsi rudderen am Melusina senger Bidden iwwert de Séi well dem Eileen seng Spuer dohinner féiert. Si gi vun 2 Raten, also Pi-raten empfaangen a komme bei dem Biber Biwer säi Staudamm. E Meeschterwierk, wéi hie selwer mengt, mee duerch dee bal de ganze Bësch iwwerschwemmt ass. Obschonn se an deem fantastesche Biberbau alles hunn: eng Waasseruergel, Waasserspiller, a Waasserrutschbunnen, wëllen de Fox an d’Fonsi zréck bei hir Frënn. Well et am Liewen eppes gëtt dat méi wichteg ass ewéi gutt Iessen a Räichtum, … an dat ass Frëndschaft. »
Agenda
21.11
21.11
Ateliers pédagogiques « See mol »
Bertrange
22.11
Ouverture des Marchés de Noël
Metz (F)
22.11
Ouverture des marchés de Noël
Luxembourg
22.11
Luxembourg Art Week 2024
Luxembourg