Beim Biirkebësch

Beim Biirkebësch. am grénge Wues, do sëtzt dee léiwen Ouschterhues.
E sëtzt tëscht wäisse Schléiwendär
a fierft vill dausend Ouschterär.
E fierft se séngem Iddi no,
bal rout,bal giel, bal gréng,bal blo.
A kënnt dann d’Ouschternuecht erbei,
da mécht en séch séng Hatt an d’Rei.
Dann trappt en, huerteg wéi de Wand,
vun Haus zu Haus, am ganze Land.
A schlauft e muerges a säi Lär,
dann huet all Kand séng Ouschterär.