Ettelbruck

ZongenZodi

09 juin
CAPE | A 14h30 et 16h | De 4 à 8 ans | Op Lëtz. | A RESERVER

Betsy Dentzer & Luisa Bevilacqua
Erzieltheater an aner stëmmlech Spillereien

« Eng Geschicht fänkt vir un an hält hannen op. Zwar net! Haut op d’mannst maache mer alles verkéiert a béien et nees grued. A vläicht bleiwen dono e puer wonnerschéi kleng Bëlzen dran. Well wann hanne vir a vir hannen ass, da ka riicht kromm sinn a kromm och riicht, an alles ass nees genee esou, wéi et soll sinn! Oder net? Komm mir setzen den Z op den A an en T virun all Wuert! Wann dann d’Wierder esou richteg schéi geckeg d’ënnescht d’iewescht bonzelen, da kriss de e Knuet an d’Zong… oder an d’Oueren? Oh meng Modi, wat en Zodi, voller Freed um Duercherneen! Bei ZongenZodi geet et ëm d’Zesummespill vu Sprooch, Kierperkläng a Rhythmus – e Geschichtespill fir Kanner. »

Infos et réservation: caku.lu