Luxembourg

Zongenzodi

14 mars
Rotondes | Black Box | A 15h | A partir de 4 ans | Op Lëtz | COMPLET

Erzieltheater
Erzielkonescht (LU) / Am Kader vum Weltdag vum Theater fir e jonke Publikum vun der ASSITEJ

Eng Geschicht fänkt vir un an hält hannen op. Zwar net! Haut op d’mannst maache mer alles verkéiert a béien et nees gerued. A vläicht bleiwen dono e puer wonnerschéi kleng Bëlzen dran. Well wann hanne vir a vir hannen ass, da ka riicht kromm sinn a kromm och riicht, an alles ass nees genee esou, wéi et soll sinn! Oder net? Komm mir setzen den Z op den A an en T virun all Wuert! Wann dann d’Wierder esou richteg schéi geckeg d’ënnescht d’iewescht bonzelen,
da kriss de e Knuet an d’Zong… oder an d’Oueren? Oh meng Modi, wat en Zodi, voller Freed um Duercherneen!

Réservation: www.rotondes.lu