Esch-sur-Alzette

D’Prinzessin op der Ierbes

23 mars
Ariston | A 15h | De 4 à 8 ans | En Lux | A RESERVER

Fräi nom Hans Christian Andersen
Traffik Theater

« D’Kënschtler*innen vum Traffik Theater erziele mat Zeechnungen, Objeten a Live-Musek eent vun de bekanntste Märercher vum Hans Christian Andersen, a froen sech awer och, ob wierklech nëmmen eng richteg Prinzessin et fäerdeg bréngt, duerch 20 Plommepillemen a Matrassen eng kleng Ierbes ze spieren.
Wat wier, wann e Prënz den Ierbessentest misst maachen? Oder Jenny a Menni? A firwat muss engem Prënz seng Fra sou sensibel sinn? Wat wier, wann se just zëmperlech a kriddeleg wier? Wat géif geschéien, wann se nom Ierbessentest keng Loscht hätt, de Prënz ze bestueden? Et kann een sech vill Froe stellen, wann een hautzedaags dem Andersen säi Märche liest, an dat maachen den Dan Tanson, de Michel Boulanger an d’Eleonora Savini mat vill Humor. »

P’tit brunch du théâtre le dimanche midi: de quoi boire et manger, avec un atelier ludique pour petits et grands à la clé !
Spectacle 11h ou 15h – Brunch 12h – Atelier parent-enfant 13h-14h30. reservation.theatre@villeesch.lu

Infos et réservations: theatre.esch.lu
Tél. billetterie: +352 27 54-5010