Mersch

D’Mina an d’Stärefra

05 mai
Mierscher Kulturhaus | A 15h | De 3 à 6 ans | Op Lëtz + auf deutsch | A RESERVER

Catherine Hengesch, Jenny Spielmann, Lynn Menster & Trio Dora
Wann d’Stäre fonkelen

« D’Mina ass nuets rëm ënnerwee. De Mound steet um Himmel an d’Stäre blénken. Him fält op, datt et Stäre ginn, déi méi hell liichten a Stären, déi manner hell liichten. Hatt freet sech firwat dat esou ass. Fir d’Stäre vu méi no ze kucken, klëmmt d’Mina op eng Leeder. D’Stäre fonkelen elo direkt virun him. Hatt streckt sech, gräift no engem Stär an hëlt e bei sech. Et ass ee Stär, dee kaum fonkelt, mee just ganz liicht glënnert. D’Mina freet de Mound firwat déi eng Stären sou hell liichten an déi aner ganz wéineg. De Mound mengt, d’Mina misst bei d’Stärefra goen, déi géing d’Stären all Owend ufänken a wéisst bestëmmt Bescheed. D’Mina kënnt mat der Hëllef vum Mound bei d’Stärefra. Si weess awer och net firwat déi eng Stäre méi hell liichten ewéi déi aner. Zesumme mat de Kanner probéieren d’Mina an d’Stärefra duerch verschidde Gesten a Kaddoen d’Stären dozou ze kréien, rëm méi hell ze liichten. »

Infos et réservation: caku.lu