Niederanven

D’Geschicht vum Babar, dem klengen Elefant

26 février
Kulturhaus Niederanven | A 10h30 | De 4 à 8 ans | Op Lëtz. | A RESERVER

Schiettheater
Traffik Theater (LU)

« D’Geschicht erzielt d’Abenteuer vun engem klengen Elefant, dem Babar, deen an déi grouss Stad leeft nodeems seng Mamm vun de Jeeër erschoss gouf. Hei begéint hien enger Fra, déi all seng Wënsch vun de Lëpsen ofliest. Hie léiert Auto fueren, Kuch iessen an huet iwwerhaapt vill Frënn. Ma hien verlaangert awer souvill, dass et net laang dauert an hien zeréck bei d’Elefante wëll. A wat do geschitt, verrode mer elo net!
Den Ausgangspunkt vum Projet ass déi eenzegaarteg Musek, déi de Poulenc 1945 geschriwwen huet. Eng Musek, déi Biller entstoe léisst an där vill Poesie stécht. D’Verzauberung an d’Kraaft vum Schiettheater huet dem Traffik Theater ideal geschéngt fir déi delikat Musekswelt a Biller ëmzesetzen. Esou huet d’Compagnie dem Babar seng Abenteuer, déi 1931 vum Jean de Brunhoff opgeschriwwe goufen, an d’Ästhetik vum ‘Art Déco’ gesat, fir esou d’Geschicht am Charme vum engem ‘Entre Deux Guerres’ otmen ze loossen. D’Verbanne vun de Schieter mat der Musek léisst esou d’Sensibilitéit an d’Zäertlechkeet vun dëser dach origineller Geschicht spierbar ginn.  »

Infos et réservation:
Tél.: +352 26 34 73 1
info@khn.lu / www.khn.lu