Jugend tëschent Onschold an Erotik – Hardcore amplaz Märercher
Den illiméiterten Accès op den Internet ass en zweeschneidegt Schwert. Engersäits bidd en immens vill Léierméiglechkeeten, mee anerersäits ginn d’Kanner a Jugendlech mat Contenue konfrontéiert, déi am Fong fir Erwuessener gemaach goufen. Den éischte Kontakt mat explizit sexuelle Biller geschitt oft ongefrot an ouni Virbereedung. En Handyverbuet elleng bitt do net genuch Schutz. Iwwert d’Auswierkunge vun der Pornographie op déi psychosexuell Entwécklung ginn et verschidde Meenungen a Fuerschungsresultater.
Dës thematesch Aktivitéit kläert op a beliicht déi potentiell Geforen a verschidde Strategien domat ëmzegoen. Se offréiert e fundéierten Abléck an déi komplex Thematik vun der Pornographie an hir Auswierkungen op déi Jugendlech. Zil ass et informéiert Entscheedungen ze treffen an effektiv Mossnamen ze huelen, fir déi Jugendlech ze schützen an ze ënnerstëtzen.
SIEBENALLER Sandra, Infirmière en pédiatrie, Sage-femme, Sexopédagogue
Proposé par l’Eltereschoul Janusz Korczaks.
Plus de détails et inscription via leur agenda en ligne sur www.kannerschlass.lu