Bim & Anna

Eng kleng Geschicht vum Groussginn

« Bonjour,
Mat Freed presentéiere mir Iech eis nei Publikatioun Bim & Anna – Eng kleng Geschicht vum Groussginn vun der Autorin Olga Reiff.
De klenge Bim mécht an der Crèche seng éischt Erfarunge mam Groussginn.
Dat ass net ëmmer einfach, well et muss een nach esou vill léieren!
Zwar kann de Bim scho munches eleng – hien ass jo schonn ee grousse Jong.
Wann dann awer een him hëllefe wëll, souguer wann dat seng bescht Frëndin Anna ass, ma da muss hien dach einfach rose ginn!
Wéi de Bim dach nach e flotten Dag mat senge Frënn erlieft – dat zielt eis d’Olga Reiff am Buch „Bim & Anna“.
D’Autorin, déi mat hirer Famill zu Esch-Uelzecht lieft, huet souwuel den Text geschriwwen, wéi och d’Biller mat Aquarell an Tusch gezeechent.
Vill Spaass beim Liesen! »

Il y avait 3 x 1 exemplaire à gagner
Les gagnants sont Lea (Bivange), Delphine (Luxembourg) & Francine (Bertrange). Ils recevront leur exemplaire par la poste dans les prochains jours.