Niederanven

Verdruddelt Geschichten

23 avril
Kulturhaus Niederanven | A 10h30 | De 8 à 12 ans | Op Lëtz. | A RESERVER

Liesung mat Musek (LU)

« An esou war et emol…
… oder et kéint och anescht gewiescht sinn…
A wa mer de Wollef mol eng Kéier géife schwätze loosen? Oder wann de Kueb dës Kéier probéiere géif, seng Revanche um Fuuss ze huelen? A wann de Prënz um Enn mol eng Kéier keng Prinzessin kréich? D’Verdruddelt Geschichten huelen eis a Versform, mat enger gesonder Portioun Humor an enger Rëtsch vläicht an de Vergiess gerodene Lëtzebuerger Ausdréck mat an d’Welt vom Märchen, der Fabel an der Seechen. Mä passt op, dës Kéier kéint de Schluss aneschters sinn ewéi gewinnt!
Verdruddelt Geschichten ass dem Marc Weydert säin éischt Geschichtebuch fir Kanner an all déi, déi gär e Märchen, eng Fabel oder eng Seeche liesen. Als Diplompedagog, Schoulmeeschter a Papp vun dräi Meedercher interesséiert hie sech ganz stark fir Kanner- a Jugendliteratur. Besonnesch gär spillt hie mat der Sprooch, fir de Rescht schreift hie gäre (Kanner)Musek an ass e begeeschterten Hobbykach. De Marc Weydert ass bestuet mat enger Lëtzebuerger Diplomatin an ass duerfir vill uechter d’Welt ënnerwee. . »

Infos et réservation:
Tél.: +352 26 34 73 1
info@khn.lu / www.khn.lu