Luxembourg

Nikki Ninja & Afrobeathoven – Hip-Hop & Jazz for Kids

11 décembre
neimënster | Salle Robert Krieps | A 16h | A partir de 7ans | Op Lëtz. | A RESERVER |

D’Nikki huet eng ganz besonnescht Superkraft: hatt spillt mat der Sprooch!
D’Nikki, e ganz normaalt Meedchen, erzielt immens gäre vu sengen Erliefnisser an de Stroossen vu Räppeldeng. Räppeldeng? Jo, Räppeldeng, dat kléngt léift Duerf matzend an der Mëtt vu Lëtzebuerg! Do ass et nach schéin a rouëg a gemittlech, oder? Do kann een sech zwar mol gewalteg ieren, well wann d’Nikki mat senger Clique lassleet, sech an d’Nikki Ninja verwandelt a seng Geschichten zielt, da rabbelt et! D’Wierder fléien da just sou aus sengem Mond, an et reent Rhymes amplaz Knëppelsteng zu Räppeldeng. Sei Flow ass witzeg an éierlech… einfach nëmme Ninja. Wuertspiller, wéi een se nach ni héieren huet, Reimer, déi engem d’Zong verdréinen a Beats, déi ënner d’Haut ginn…

D’Nicole Bausch, den Dennis Scholtes, de Pol Belardi & Afrobeathoven hunn sech ënnert der Regie vum Dan Tanson zesumme gedoen, Hiphop mat Jazzmusek an aaler Boom-bap Manéier zesummen ze bréngen, an esou Hip-Hop Kannergerecht zougänglech ze maachen.

Proposé dans le cadre de la programmation jeune public minimënster.
Programme complet et infos réservations: www.neimenster.lu – Tél.: (+352) 26 20 52 1