Ettelbrück

Mega Béis!

17 octobre
CAPE Ettelbrück | À 15h & 17h | Op Lëtz. | De 6 à 12 ans | A RESERVER |

Kopla Bunz
T’wäert een Dach wuel dierfe nach rose sinn

Wat ass béis, wat mécht den Ierger mat engem, an deet Roserei net heiansdo och gutt? Wat bleift wann d’Roserei vergeet? Wou geet se hin? A wéi rosen ass eigent-lech eng Spann? An engem humoristesch-poetesch-absurden Theaterstéck fir Kanner tëschent 6 an 12 Joer maachen sech de Sänger Jean Bermes an d’Schau-spillerin Julie Kieffer mat vill Musek a béis vill Witz op d’Sich no der Roserei. Si si bescht Frënn, vertrauen sech blann, kënnen awer heiansdo richteg rose mat-enee sinn – oder iwwereneen, niewent-enee, ënnereneen, ouni eneen, wéinst eneen, duercherneen… Zesumme mam jonke Publikum erfuerschen se spil- leresch, voll rosener Musek a gedanztem Ierger, dës Gefillswelt, déi vill ze oft mëssuecht gëtt, awer dach esou authen-tesch a wichteg fir d’Kanner an och d’Erwuessener ass. Mat engem flotte verännerbarem Bünebild, flexibele Requi-siten, villen Instrumenter a verstoppten Iwwerraschunge gëtt gewisen, datt ee wuel nach dierf a soll béis ginn.

Proposé dans le cadre du programme CAKU (CAPE Ettelbruck & Mierscher Kulturhaus). Jonglage, théâtre, danse, musique et marionnettes sont au rendez-vous.

Infos et réservations: caku.lu
Tél.: +352 26 81 26 81