Niederanven

Lice & Semp

07 mai
Kulturhaus Niederanven | A 10h30 | De 4 à 8 ans | Sans paroles | A RESERVER

Gemooltene Concert
Toile Si-Re (LU)

« Nodeems Toile Si-Re zwee lëtzebuerger Klassiker als musikalesche Figurentheater op d’Bün bruecht huet, hunn d’Annick Sinner an d’Nadine Kauffmann lo de Wee bei de gemooltene Concert fonnt. Aus schwaarzer Tënt a Schnëppele Pabeier entsteet dem Lice an dem Semp hir Welt. Deenen zwee Personnagen hir Geschicht gëtt live gemoolt an op eng Leinwand projezéiert. Ënnermoolt gëtt dat Ganzt vun enger sphärescher, poetescher, meditativ-elektronescher Musek, net, wéi gewinnt mam Saxophon, mee mam klenge Keyboard. D’Opféierung ass ouni Sprooch. Et sinn ausschliisslech d’Biller an d’Musek déi “schwätzen”, alueden an hëllefen zur Rou ze kommen, ze dreemen an ze genéissen.
Aus wéineg eppes Schéines maachen, an der Einfachheet bleiwen. Dat ass d’Devise vun dëser neier Concerts-Rei vun Toile Si-Re. Semplice!
An der 1ter Geschicht geet et ëm Frëndschaft »

Infos et réservation:
Tél.: +352 26 34 73 1
info@khn.lu / www.khn.lu