« Mir invitéieren zum Atelier “Clausen entdecken mit Graf Mansfeld und seinem historischen Schlosspark” wärend den “Journées européennes du Patrimoine”.
LABO Patrimoine ass e Projet, den Kanner fir den Lëtzebuerger Patrimoine sensibiliséiert. Dobäi ginn et verschidden Themenausflich mat Missiounen a Spiller. Fir den Ausfluch zu Clausen kucken mir eis un wat e Patrimoine ass an wei een al Gebaier erkennt. Mir entdecken den Park an d’ Geschicht vum “Schlass la Fontaine”.
Erkenns Du den Venusbrunnen? Virwat ass et haut nëmmen nach eng Ruin? Wat fir eng Funktioun haat d’ Schlass? Wou sinn d’ Piscinen, déi et deemools gouf? Wann dir e Schlass géing gehéieren, wat fir eng Funktioun géings Du dem ginn? Wéilts Du do wunnen?
Mat eisem “LABO Mobil” erfuerschen an analyséieren mir mat Fotoapparater, Patrimoine-Hefter, Virwëlz, Spill an Kreativitéit. Mir liesen, rätselen, bastelen – sinn dobannen an dobaussen ënnerwee.
Infos:labo@luca.lu
Détails et réservation: luca.lu