Luxembourg

Komm, mir loossen d’Poppen danzen

13 mars - 14 mars
Erwuessebildung | De 14h à 18h | En L, D et F | Pour enfants de 8 à 14 ans avec parents/grands-parents | S'INSCRIRE jusqu'au 27 février |

« Dir sidd Mamm, Papp, Groussmamm, Grousspapp, Monni, Tatta, Giedel …? Dir wëllt mat Äre Kanner, Enkelkanner, Neveuen oder Niessen … en originellen a lëschtege Moment verbréngen? An Dir hutt och nach eng Liblingsgeschicht oder e Liblingsbuch?

Da kommt, a mir bauen zesummen d’Figuren aus ärer Geschicht als Handpoppen! 

Dir wäert gesinn, dass dobäi net just immens flott Poppen entstinn. Mee dir entdeckt och nach déi eng oder aner verstoppten Eegenschaft bei Iech selwer an de Kanner a wäert iwwerrascht sinn. Dir wäert sculptéieren, modelléieren, molen a bitzen a virun allem ärer Fantasie fräie Laf loossen.

Nach ni gemaach? Maacht Iech keng Suergen, dir braucht keng Virkenntnisser! 

Mir hu vill Material prett a stinn Iech mat eisem Knowhow zur Säit.

Loosst Iech iwwerraschen! Mir wäerten eis A’Muséieren. »

W.e.g. matbréngen: är Liblingsfigur / är Liblingsgeschicht (eventuell)

Referentin: Fabienne Thoma, Educatrice graduée, Mataarbechterin vun A’Musée asbl

Infos: Danielle Mertes, danielle.mertes@ewb.lu

Inscription: info@ewb.lu ou par tél au: +352 44 743 340 jusqu’au 27 février.

©EwB asbl