Ee Grujel- a Gespenstergeschichteprogramm, ausgeduecht an erzielt vum Betsy Dentzer a musikalesch vergrujelt vum Louisa Marxen.
« Fir d’éischt spiert een et am ënneschte Réck. Dono krabbelt et gaaanz, gaanz lues laanscht d’Wirbelen de Réck erop, léisst sech kuerz tëscht de Schëllerblieder nidder éier et säi Wee bis an d’Genéck an hannert d’Ouere fënnt. Dacks schläicht et sech och nach iwwert d’Schëlleren d’Aërm erof. Et gëtt dir mol kal, mol waarm dobäi. De Bauch zitt sech e bëssi fäertereg zesummen, an awer ginn deng Ouere grouss op… well et ass jo awer och immens flott, sech esou richteg gutt ze schudderen, gell? »
Durée: 40 minutes
Infos et réservation: www.khn.lu