Esch-sur-Alzette

De Kapitän Mullebutz

19 décembre - 20 décembre
Escher Theater | Dim à 11h et 15h | Lu à 16h | De 4 à 9 ans | En lux | A RESERVER |
Dan Tanson, Georges Urwald

« No méi wéi engem Joer Corona wëllen de Kapitän Mullebutz a seng Matrousen nees Gas ginn. Si hu schlëmm no de klengen a grousse Pirate verlaangert a si lo net méi ze bremsen, fir zesummen eng grouss Party ze feieren.
Danzen, Sangen, Sprangen… a gutt Laun stinn um Programm! Och d’Madame Li ass nees derbäi a freet sech, dass d’Matrouseband an de ganze Publikum a Form kënnt. Den zweeten Deel vun der erfollegräicher Iddi, flott Kannerlidder an e neie Mäntelchen ze stiechen, Rock- a Popsongs kannergerecht op Lëtzebuergesch ze sangen, ass no deem laange Lockdown nees zeréck op Tournée. De Kapitän an de Steiermann hunn Toplidder, souwéi deen een oder aneren neie Song an de Programm geholl. Et versprécht e grousse Spaass ze ginn. Kommt, sangt an danzt mat eis!
Fir déi Leit, déi net esou gutt héiere kënnen, hu mir eng nei Séisswaassermatréisin u Bord, déi dem Kapitän säi Gebraddels a Gebäerden iwwersetzt. »

Infos et réservations: theatre.esch.lu