ALLERRETOUR A.S.B.L.
ENG GROUSS MUSIKALESCH PARTY FIR KANNER
De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen si no laanger Rees erëm zréck am Hafen zu Lëtzebuerg. Nodeems de Kapitän Mullebutz a seng Crew duerch hiert vill Gewibbels an Héichform sinn, kënne si mat guddem Gewëssen erëm op hire Bauch lauschteren, gutt iessen a schneeken, hmmm! Pechege Kachkéis, en Zapp-Ee, eng laang Zossis a gaaaaanz vill Schokola. De Mullebutz a seng Crew invitéiert all kleng a grouss Pirate fir mat him ze sangen an ze danzen. De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen si schneekeg! ass den drëtten Deel vun der beléifter Matmaach-Concerts-Serie vum Dan Tanson a Georges Urwald.
Infos et réservations: Tél.: +352 26 81 26 81 – www.cape.lu