Lëtzebuerger Philharmoniker
« Mir spadséieren duerch d’Stroosse vu Florenz, schlängelen eis duerch déi turbulent Gaasse vu Neapel a léiere souguer Gladiatoren zu Roum kennen. D’Presentatrice Martina Menichetti an d’Lëtzebuerger Philharmoniker ënnert der Leedung vum Dirigent Duncan Ward huelen iech mat op eng spannend Rees an Italien, wéi de Komponist Felix Mendelssohn se ënnerholl huet. Seng „Italieenesch Symphonie“ ass voller Schwong a Liewensfreed an entféiert eis mat lëschtege Kläng an di sonneg italieenesch Landschaften. A wien weess wat alles ka geschéien, wann ee sech op enger Gondel duerch di vill Kanäl zu Venedeg verléiert… Och an dëser Saison spillen d’Lëtzebuerger Philharmoniker (OPL) am Kader vun hirem Gaaschtspill zu Ettelbréck moies nees e moderéierte Concert fir Primärschoulkanner. Fir sech mat de Kanner op de Concert virbereeden ze kënnen, kréien d’Enseignanten virdrun en Dossier pédagogique mat Erklärunge vum Museksstéck an iwwer d’Instrumenter an engem Symphonieorchester. »
Infos et réservation: caku.lu