Niederanven

Bo0m

26 mars
Kulturhaus Niederanven | A 10h30 | De 2 à 4 ans | Sans paroles | A RESERVER

Theater ouni Sprooch
Cie Entre deux rives (Cusset, FR)

« An dësem Spektakel gëtt de Kierper an all seng Eenzeldeeler zerluet: eng Hand, e Fouss, e Stéck Haut, zwee Aen… Wéi bei engem Spill aus Bausteng si vill Kombinatioune méiglech fir de Kierper opzebauen. De BoOm, e Personnage mat engem Wierfelkapp, hëlt déi Kleng mat op eng Rees fir erauszefannen, wéi et sech an eisem Kierper lieft wann deen ewéi en Haus opgebaut ass. Wéi geet ee mat der Schwéierkraaft ëm a wéi mam fragille Gläichgewiicht, dat eis an der Riicht hält? Mir kënne falen, trëllen, opstoen, klammen, sprangen an erëm falen… Bausteng a Form vun engem Wierfel si fir déi Allerklengst e bekanntent Element, dat hei op eng lëschteg a poetesch Aart a Weis dofir genotzt gëtt, hinnen d’Fro vu Schwéierkraaft a Gläichgewiicht méi no ze bréngen.  »

Infos et réservation:
Tél.: +352 26 34 73 1
info@khn.lu / www.khn.lu