EE COUR FIR ELTEREN MAT NEIGEBUERENER A PUPPELCHER VU 0-6 MÉINT
Ee Cour fir Elteren mat Neigebuerener an Puppelcher vun 0-6 Méint.
Wéi weist ons den Neigebuerenen, dass en sech gestresst oder net wuel spiert? Mat wéi engen Zeechen wéisst den Puppelchen, dass en an Kontakt an Interaktioun mat sengen Elteren bereet ass? An wat kënnen d’Elteren maachen, fir dës Kierperbotschaften vun hiren Puppelcher besser ze verstoen an ugemoossen ze beäntwerten?
Dësen Cour ëmfaasst 2 Treffen, an deenen Elteren hier Puppelcher am Alter vun 0-6 Méint gemeinsam beobachten, spieren an besser kenneléieren.
Niewen deenen Perceptioun- an Spierübungen, kréien d’Elteren vill Informatiounen ënner anerem:
- d’Aart a Weis, wéi Puppelcher hir Bedürfnisser an Gefiller matdeelen
- d’Kierper- an Verhalenssignaler vum Puppelchen, wann se sech gestresst an onwuel fillen
- d’Botschaften vum Puppelchen, wann et Rou brauch oder mat sech selwer zefridden ass
Également le 16 janvier
Infos et réservation: +352 691 720 603 / info@babymassage.lu
www.facebook.com/ManuKulturaUseldange