PublicitéRotondes 26/27
PublicitéRotondes 26/27 mobile
Chez vous
2026-11-10

Neurodivergenz-  wa Kanner d’Welt anescht erliewen 

En ligne | De 18h à 20h | Pour parents | En lux
1

MORIS Isabelle, Psychologin, systemesch Therapeutin, Traumatherapeutin, Entwécklungsberoderin, Schlofberoderin, Éducatrice diplômeé, Formatrice d’adultes

Vill Kanner erliewen a verschaffen hir Ëmwelt méi intensiv oder anescht wéi anerer – a stellen hir Elteren domat viru vill Froen.
Dës Präsentatioun bitt eng liewensno Aféierung an d’Thema Neurodivergenz an hëlleft d’Entwécklung vum Kand anzeuerdnen – mat oder ouni Diagnos.
Am Mëttelpunkt stinn ënnert anerem eng éischt Orientéierung bei Onsécherheeten, liewensno Beispiller a konkret Ureegunge fir eng stäerkend an entlaaschtend Begleedung am Familljenalldag.

Inscription: www.kannerschlass.lu