Séance de lecture avec Marc Weydert
“D’Awunner vum Duerf maache sech Suergen: Hire Kinnek Mett ass zënter Kuerzem mat engem schrecklechen Ausschlag geplot. Am Gesiicht huet hie schonn iwwerall faarweg Tëppelen an d’Kränkt schéngt sech weider op säi ganze Kierper, säin Diwwi, seng Decken an doriwwer eraus auszebreeden. Et huet keen eng Léisung parat, weeder d’Dokteren nach soss Experten.
Vläicht kann d’Hex Krixkrax hëllefen? Mä … wéi kënnt een nëmme bei si erop, an hiren Tuerm, hir däischter Stopp? An dëser Geschicht geet et ëm d’Zesummenhalen, d’Problemléisen an engem grousse Grupp an, virun allem, d’Fein-Sinn an d’Manéieren. Heiansdo brauch een net vill, fir dat ze erreechen, wat een eigentlech wëllt hunn. Kann d’Hex Krixkrax hëllefen?”
Réservation sur www.citybiblio.lu
Proposé dans le cadre de “Villa Noël”
Villa Vauban
18 Av. Emile Reuter
L – 2420 Luxembourg



