Kopla Bunz & Kammerata Luxembourg
Eng musikalesch Erzielung mat Kammermusek a Bräiläffel
“Nu kuck, an op eemol ass d’Kichegeschier lieweg ginn!
Tëscht gefëllte Croissanten a geblimmelten Téitase schwieft e klengt Zockerdëppchen duerch eng fantastesch Welt: Nëssknacker, déi danzen, Jellis-Téikäpp, déi am Däischtere liichten … et dämpt an dréint a rabbelt a réiert. An dann ass do nach deen tockskäppegen Deckel, deen net esou richteg bei säin Dëppche wëllt passen …”
Durée: 50min
Détails et réservation: kinneksbond.lu
Kinneksbond Centre Culturel Mamer
4, Um Kinneksbond
L – 8210 Mamer





