Esch-sur-Alzette
2025-11-27
2025-11-28

HéngerhautGeschichten

Ariston | Je à 15h | Ve à 19h | De 6 à 10 ans | En lux
1

Kopla Bunz a.s.b.l.

“Fir t’éischt spiers du et am ënneschte Réck. Dono krabbelt et gaaanz, gaanz lues laanscht d’Wirbelen de Réck erop, léisst sech kuerz tëscht de Schëllerblieder nidder, éier et säi Wee bis an d’Genéck fënnt, an awer ginn déng Ouere grouss op…“ An engem intime Kader lueden d’Erzielkënschtlerin Betsy Dentzer an d’Perkussionistin Louisa Marxen hire Publikum an, senger Fantasie fräie Laf ze loossen. Aus der ufänglecher Stackdäischtert eraus entstinn erzielte Welten, fir d’éischt just mat Geräischer a Kläng. Lues a lues gëtt et méi hell an d’Hänn, d’Kierperen an d‘Luuchten erziele mat. HéngerhautGeschichten entféiert d’Zuschauerinnen an d‘Zuschauer an eng geheimnisvoll Ambiance, déi an de Käpp nach laang nowierke wäert.”

Dauer: 40 min.

Infos et réservation: theatre.esch.lu

Ariston
9, rue Pierre Claude
L – 4063 Esch-sur-Alzette
Tél.: +352 27 54 – 5010 ou – 5020

©Bohumil Kostohryz