PublicitéRotondes 26/27
PublicitéRotondes 26/27 mobile
Chez vous
2026-12-02

D’Kanner, hir Emotiounen a mir – grouss Gefiller begleeden

En ligne | De 18h à 20h | Pour parents d’enfants de 0 à 8 ans | En lux
1

SCHAEFFER Nathalie, Éducatrice graduée, MSBR-Trainer (Mindfulness based stress reduction), Yoga teacher, coach parental systémique

An eiser Famill gi mir Dag fir Dag mat den ënnerschiddlechen Emotioune vun eise Kanner an eisen eegene Gefiller konfrontéiert. Dobäi gehéieren och déi „onangeneem“ Gefiller zu eisem Alldag a virun allem zur Entwécklung vum Kand. D’Entwécklung vun der Gefillswelt vun de Kanner brauch Zäit. Ganz laang ass et fir si schwéier hir Gefiller richteg ze benennen.
Wat sinn eigentlech Emotiounen a wat stécht hannert dëse Gefiller?
Wéi kënne mir mat eisen eegenen Emotiounen an deene vun eise Kanner positiv ëmgoen? Wei kënne mir als Elteren d’Emotiounen vun eise Kanner begleeden? Wéi eng Roll spillen d‘Besoine bei den Emotiounen? Froen iwwer Froen, zesumme gi mir dësen op de Grond.

Inscription: www.kannerschlass.lu