Differdange
2026-11-02

Film Bitzbouf

Aalt Stadhaus | À 14h30

“An engem Laboratoire an engem Schlass, dat héich iwwer enger Stad steet, bréngt dee verrécktste vun
de verrécktste Professere monstréis Kreaturen (bal) un d’Liewen… a vergësst se direkt.
Mee wie këmmert sech dann ëm d’Schlass? Wie këmmert sech ëm d’Monsteren? Ma dat wier de Bitzbouf,
dem Professer seng alleréischt Kreatioun. De Bitzbouf mécht déi ganz Aarbecht an de Professer mierkt et
mol net.
Mee haut trëfft e schappege Monster-Zirkus an der Stad an, a säi Besëtzer, de Fulbert Freakfinder, sicht
verzweifelt no enger neier Attraktioun. Kuerz dono erschéngt hie virun der Schlassdier a versprécht dem
Bitzbouf Bekanntheet, Räichtum… a LÉIFT”

Entrée: 7€ (Kulturpass: 1,50€)
www.stadhaus.lu

Aalt Stadhaus
38 av. Charlotte
L – 4530 Differdange

PublicitéSkyscraper BE