E Versuch ze verstoen amplaz ze verzweifelen
ERPELDING Françoise, Éducatrice graduée
Ae verdréinen, kuerz Äntwerten an zoue Kummerdieren? Häerzlech wëllkomm an der Pubertéit. Hei geet et drëms, Jugendlecher besser ze verstoen an nozevollzéie firwat d‘Kommunikatioun an dëser Phas vum Liewe méi schwiereg ass, wéi mir geduecht hunn. Mir kucken eis kuerz d‘Verännerungen vun der Pubertéit un an och wéi se Gefiller, Verhalen a Bereetschaft fir ze schwätze beaflossen. Unhand vun verschiddene Kommunikatiounsusätz léieren Elteren typesch Mëssverständnisser ze vermeiden an a stressege Momenter an der Kommunikatioun ze bleiwen. Mat ville prakteschen Tipps fir den Alldag , vill Humor an éierleche „Good Advice“ probéiere mer, dass d‘Gespréicher mat de Jugendleche rëm entspaant, kloer an verbëndlech bleiwe kann.
Inscription: www.kannerschlass.lu







