“Kann aus Danz e Spill mat de Wierder ginn?
Bei Encyclopedie geschitt genee dat. Op der Bün stinn zwou Kënschtlerinnen: Déi eng danzt an déi aner erzielt, wat se gesäit. Mee heiansdo gi Wierder net duer, fir e Mouvement ze beschreiwen – also erfannen se eppes, verdréinen de Sënn, iwwerdreiwen oder verieren sech reegelrecht. Lues a lues entsteet esou e lëschtegen an iwwerraschenden Decalage tëscht deem, wat een erbléckt an deem, wat een héiert.”
Durée: 50min
Détails et réservation: kinneksbond.lu
Kinneksbond Centre Culturel Mamer
4, Um Kinneksbond
L – 8210 Mamer




