Luxembourg

Op de Spure vu Melusina & Co duerch d’Stad

13 août
ErwuesseBildung | De 10h à 17h | Pour enfants de 8 à 12 ans  | S'INSCRIRE jusqu'au 15/07 |

« A klenge Gruppe maache mir eis op en Tour duerch d’Stad an entdecken zesummen e puer mystesch Plazen: de Bockfiels, d‘Quirinuskapell, d’Däiwelslach, de Fëschtmaart … Bei flotten Aktivitéite gi mir da gewuer, wat dës Plaze mam Melusina, de Wichtelcher, engem Geescht a souguer dem Däiwel ze dinn hunn. No dëser klenger Ustrengung waart dann e Mëttegiessen op eis. Nomëttes geet eise Programm ronderëm d‘„Melusina & Co“ weider: mat e puer flotte Spiller; a mir kucken eis zesummen de Kannerfilm vum Laura Schroeder un: „D‘Schatzritter an d’Geheimnis vum Melusina“.

Umeldung: Tel. 4 47 43-340, info@ewb.lu bis de 15. Juli 2019. www.ewb.lu