Luxembourg

„Helden an der Kannerliteratur“

15 juin
ErwuesseBildung | De 9h à 16h30* | Pour adultes et enseignants | En Lux, all et fr |
Workshop am Kader vun der Serie "Bicher op den Dësch"

Kanner brauche Virbiller, fir sech an och hir Perséinlechkeet z‘entwéckelen. Si sichen a fannen hir „Helden“ ganz oft a Geschichten. Wärend dësem Workshop kucke mir, firwat et esou wichteg ass, dass d‘Kanner op hirem Wee fir grouss ze ginn, vun „Helden“ begleet ginn. Mir stellen Iech e puer där „Helden aus der Kannerliteratur“ vir a weisen Iech, wéi Dir de Kanner dës Virbiller an hir Geschichte méi nobrénge kënnt.

Matbréngen: E Buch / eng Geschicht (ev. eng Figur) mat Ärem perséinlechen „Held“

Zielgruppe: Léierpersonal (Grondschoul, Educateuren, Educatricen, Dageselteren, Elteren a jiddereen, deen interesséiert ass).
Sproochen: Lëtzebuergesch, däitsch a franséich – max. 25 Persounen

Umeldung: info@ewb.lu oder Tel. 4 47 43-340 bis den 03.06.2019
Gitt w.e.g. d‘Coursnummer 194360M un.
Mellt Iech w.e.g. iwwert dëse Link un : www.formation-continue.lu

*inkl. Mëttespaus: 12.00-13.30 Auer
Mëttegiessen: Jidderee ka sech selwer organiséieren. Et kann op der Plaz e Repas tiré du sac giess ginn. Et besteet awer och d’Méiglechkeet, an der Ëmgéigend eppes iessen ze goen.

Infos: Danielle Mertes, ErwuesseBildung, danielle.mertes@ewb.lu

Org.: Aarbechtsgrupp „Kannerbicher“ vun der ErwuesseBildung asbl

Dëse Workshop fannt Dir op der Internetsäit vum IFEN ënnert demTitel: „Journée Bicher op den d’Dësch: Helden an der Kannerliteratur“(Code D1-d-23)