Luxembourg

Frederick

19 novembre
Rotondes | Black Box | A 15h | A partir de 3 ans | En lux | A RESERVER |

Eng Famill vu Feldmais wunnt an enger Mauer, no bei engem Bauerenhaff. De Bauer ass geplënnert, an d’Scheier ass eidel. Et gëtt Hierscht, an d’Mais musse Provisiounen fir de Wanter maachen. Se schaffen all mat, just de Frederick net. Amplaz Fruucht, Mais, Nëss a Friichten am Lach an der Mauer unzeheefen, sëtzt de Frederick do an dreemt. Déi aner Mais froen hien „Ma wat méchs du do, amplaz eis ze hëllefen?“, mee seng Äntwerte bleiwe rätselhaft.
De Frederick sammelt schéi Faarwen, Sonn, Musek a schéi Wierder fir déi laang Wanterowenter. Hie gëtt zu engem, deen aus dem Näischt Freed a Schéines erbäi zaubere kann… Hien ass e richtegen Artist!
D’Compagnie du Grand Boube huet dem Leo Lionni seng Billergeschicht Frederick fräi als Musekstheater adaptéiert. Eng Schauspillerin spillt an erzielt d’Geschicht mat Objeten a mat Schietprojektiounen. E Pianist an eng Violonistin begleeden si dobäi an interpretéieren déi 27. Sonat vum Mozart.

Plus de détails: rotondes.lu