Niederanven

D’Goldie an déi 3 Bieren

29 octobre
Kulturhaus Niederanven | A 16h | De 3 à 6 ans | En lux | COMPLET |

Figurentheater mam Annick Sinner & Eric Falchero
Avec Annick Sinner & Eric Falchero

E grousse schwéiere breede Bier, e mëttelgrousse Bier an e butzeg klenge Bier wunnen an engem Haus am Bësch. 

An hirem Haus ass et ëmmer propper a schéi geraumt. Bis enges Daags e klengt frecht Meedchen un der Dier klappt…

Déi ganz einfach a repetitiv Geschicht vum Goldie an den dräi Biere gëtt mat Objeten a Figuren illustréiert. Si eegent sech fir déi ganz Kleng an déi Grouss.

D’Erzielung gëtt musikalesch ënnermoolt vum Multi-Instrumentalist Eric Falchero. D’Annick Sinner, wat schonn e puer Mol beim Marionettefestival dobäi war, 

presentéiert dëst Joer 2 eege Stécker, déi an Zesummenaarbecht mat de Rotondes enstane sinn.

Konzept an Erzielung: Annick Sinner

Musek: Eric Falchero