Soleuvre

De Raiber Hotzenplotz

19 janvier
Artikuss | A 15h | A RESERVER |

D’Kanner vum Kannertheatergrupp DAUSENDBENGCHEN presentéieren hiren neie Kannermusical fräi nom Otfried Preußler sengem weltbekannte Kannerbuch: De Raiber Hotzenplotz.

Wie kennt hien net? De geféierlechen, grousse Raiber Hotzenplotz, de Mann mat de siwe Messeren… Des Kéier huet hien näicht Besseres ze dinn, wéi der Boma hier Kaffismillen ze klauen. Mee de Kasperl an de Seppl maachen sech op d’Sich. An och d’Police ass hannert dem Raiber hier.

Geléngt et hinnen den Hotzenplotz ze fänken? A wat huet Zauberin Petrosilia an dee gelungene Fräsch domadder ze dinn?

Dir sidd gespaant wat de Kasper an de Seppl alles ënnerhuelen? Geléngt et hinnen oder der Polizei den Hotzenplotz endlech ze fänken? Ma da kommt laanscht a loosst Iech vun eisem neie Kannermusical « De Raiber Hotzenplotz » begeeschteren…

Réservation en ligne…