Mersch

DE PIERCHEN AN DE WOLLEF

08 novembre
Mierscher Kulturhaus | A 15h | De 5 à 7 ans | Op Lëtzebuergesch |
TRAFFIK THEATER, ORCHESTRE ESTRO ARMONICO LUXEMBOURG
MUSEKSTHEATER MAT GEBÄERDESPROOCH

Um Bord vum grousse Bësch wunnen de Pierchen an säi Grousspapp. De Grousspapp warnt de Pierchen an de Bësch eranzegoen, well de Wollef hei seng Ronnen dréit a well e su hongereg ass wéi eng Wanternuecht. Enges gudde Moie spréngt de Pierchen, faszinéiert vun der Schéinheet vun dësem geheimnisvolle Bësch, iwwert den Zonk a verléisst säi schützend Haus. Schnouer riicht geet en an de Bësch eran. Op sengem Wee begéint hie sénge Frënn, dem Villchen an der Int, déi duerch de Bulli ugewatschelt kënnt a monter schnaddert.

Infos et réservations: www.caku.lu
Mierscher Kulturhaus : T. (+352) 26 32 43 1
www.luxembourg-ticket.lu