Ettelbrück

De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen si wibbeleg

01 mars
CAPE Ettelbrück | A 16h | De 4 à 9 ans | En lux | A RESERVER |

De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrouse komme vun hire Reesen nees zeréck op Lëtzebuerg an si hu Lidder aus der ganzer Welt am Gepäck! Hir Missioun: Déi kleng Piraten un d’Wibbelen an un d‘Sangen kréien. Gedanzt duerf natierlech och ginn, ëmmerhi wëll d’Madamm Li, dass hir Matrousenband eppes fir d’Figur mécht a nees a Form kënnt. Déi erfollegräich Iddi, fir flott Kannerlidder an e neie Mäntelchen ze stiechen, a Popsongs vu Poutty Stein bis Van Halen a The Cure kannergerecht an op Lëtzebuergesch ze bréngen, kënnt an déi zweet Editioun. Den Dan Tanson an de Georges Urwald hu sech et als Ziel gesat, Kanner a Jugendlecher fir Musek ze begeeschteren, andeems si se motivéiere selwer matzemaachen, sief dat beim Sangen, Danzen oder bei spilleresche Workshops. Am CAPE invitéieren si d‘Kanner zesumme mat hiren Elteren, e flotte Matmaach-Concert ze erliewen.

Infos et réservations: www.caku.lu. Découvrez également les avantages de l’abonnement CAKU…