ANNULÉ

Carlo Koffer

19 janvier
Mierscher Kulturhaus | A 15h | Op Lëtz | De 3 à 6 ans |

Wësst dir firwat de Carlo Koffer do ass? Firwat brauch een deen iwwerhaapt? A wat ass an him dran?
Déi Froe stellt de Carlo Koffer sech scho säit laangem. Hie wëll erausfannen, wat an him stecht. Ob him dat geléngt a wat hien dobäi erliewt gi dir an dëser musikalescher Geschicht gewuer. Dëst Stéck ass eng interaktiv Geschicht bei däer d’Kanner zesumme mam Carlo Koffer op d’Rees ginn. Dobäi mussen si roden wat an him dran ass, an do kommen déi komeschste Saachen eraus. Eng Int? Ee Glitzermonster? Eng Schlaang? De Carlo sengt och mat de Kanner, an déi sollen hëllefen erausfanne wat am Koffer ass. Den Tom Braquet ass Laureat vum Concours Jeunes Solistes an huet scho bei villen Orchestere matgewierkt.

Infos et réservation: caku.lu